GeoStar

De GeoStar ass e Satellittebus fir kleng a mëttelgrouss Kommunikatiounssatellitte vun der amerikanescher Orbital Sciences Corporation.

Orbital fabrizéiert op de Grondlage vum Design fir de Client divers Notzlaaschten, déi op déi jeeweileg Ufuerderungen zougeschnidde sinn. Et ass kompatibel mat diverse Startsystemer a ka beispillsweis mat den Drorakéiten Atlas V, Ariane 5, Falcon 9 an Proton gestart ginn. De STAR-1 gouf am November 1997 bei IndoStar 1 fir d'éischt Kéier agesat an zanterhir an der verbesserter Versioun STAR-2[1] benotzt. 2011 gouf de Satellittebus an GeoStar ëmbenannt. Den éischte Satellit, deen ënner dësem Numm gestart gouf, ass den SES-8. Fir eng weider iwwerschaffte Versioun, nämlech den GeoStar-3, sinn nach 3 weider Satellitte bestallt.

  1. The Growth of Orbital Sciences and the Market for Small GEO Satellites; Christopher W. Richmond; Senior Vice President, Orbital Sciences Global Communications

Developed by StudentB